Des Web-App erlaabt et dem Utilisateur déi verschidde Flux’en vun enger Autorisatioun ze consultéieren. Vun der initialer Demande bis hin zu der Autorisatioun oder engem Refus!

De FLUX selwer weist wéini wat gefrot oder gemaach gouf. z.b. eng “Demande Documents” bei enger Demande déi net komplett ass. Ausserdeem affichéiert de Programm wéini de Roude Punkt (certificat) aushoung, a bis wat fir en Dag Echeance leeft fir Recours ze huelen!

De Bourgemeschter (z.b.) gesäit, zu all Moment, wou déi verschidden Demanden dru sinn, a brauch sech net mam Service Technique a Verbindung ze setze fir des Informatiounen ze kréien!
Date si vun iwwerall an zu egal wat fir enger Zäit disponibel!